Coronavirus: Microsoft Build Konferenz wäert net am traditionelle Format stattfannen
Déi jährlech Konferenz fir Programméierer an Entwéckler, Microsoft Build, ass Affer vum Coronavirus gefall: d'Evenement gëtt dëst Joer net a sengem traditionelle Format ofgehalen. Déi éischt Microsoft Build Konferenz gouf am 2011 organiséiert. Zënterhier ass d'Evenement all Joer a verschiddene Stied an den USA ofgehale ginn, dorënner San Francisco (Kalifornien) a Seattle (Washington). D'Konferenz gouf traditionell vun Dausende besicht [...]