Den 22. Dezember koum déi nächst Versioun vum populäre gratis Planetarium Stellarium eraus, deen e realisteschen Nuetshimmel visualiséiert, wéi wann Dir et mat bloussem A kuckt, oder duerch eng Spektiv oder en Teleskop.
Am Ganzen sinn ongeféier 100 Ännerungen am Verglach zu der viregter Versioun gemaach ginn.
Ënnert den Haapt Ännerungen sinn:
- Direkt Ënnerstëtzung fir ASCOM am Teleskop Kontroll Plugin op Windows
- GUI Refactoring
- Vill Verbesserungen am Code
- Vill Deep Space Objekt Texturen bäigefüügt an aktualiséiert
- Verbesserunge vum Deep Sky Katalog
- Vill Verbesserunge vum Astronomesche Berechnungsinstrument
Déi komplett Lëscht vun Ännerungen kann op Github gesi ginn.
Source: linux.org.ru